See PRO edition

Ronn 2 Joer sinn et hier zënter de leschte Wahlen a wat sech als Batter Zäite fir d'Lëtzebuerger Land annoncéiert hat, ass elo Definitiv agetrueden. D'Gambia - Regierung ruddert nach ëmmer duerch e Mier vu Reformen, ouni Kapp a Konzept, a behëlt sech wéi e kranke Patient deem nom Referendum vu senge Wieler gesot ginn ass, datt seng Liewenserwaardung nach ongeféier 6 Méint wier.
 
A mengem zweete Solo Kabarä - Programm " Batter Zäiten 2.0 Reloaded " huelen ech Iech mat an e Land, deem eise Premier Xavier Bettel wollt matt engem Referendum de Spigel virhalen, an den Dag dono am Spigel just nach dat aarmséilegt Bild vu senger Gambia Regierung an der Lëtzebuerger Elite gesinn huet.
 
 
No méintelaanger Omerta vun der Gambia Regierung, iwwer de Bauten a Kulturministère, explizéiert d'Maggy Nagel exklusiv am Kabarä - Programm "Batter Zäiten 2.0 Reloaded" wat wierklech hannert de Kulisse gelaf ass.
Mä och an der Oppositiounspartei CSV rumouert et an de Kulissen, an de Marc Spautz, als President, positionéiert sech elo scho mol am CSV Krabbekuerf als Spëtzekandidat fir déi nächst Wahlen.
 
No e sëllechem Reportagen iwwert vergiessen Dreckstipp uechter d'Land, presentéiert de Marc Thoma an dësem Programm eng wierklech "Bomm".
 
No Joere laange Recherchen huet hien et fäerdeg bruecht fir eng däreg Affaire vun engem Dreckstipp zu Lëtzebuerg op ze décken, deem der Bommeleeër Affär a Brisantz net nosteet.
 
Awer och al bekannte Personnagë wéi den "Hellen Engel" vun der ADR, deem säin Hond Pitt, Live am Programm mat sengem Belsche Liewenspartner Marcel bestuet gëtt, als éischten homosexuell Hondskoppel vu Lëtzebuerg, oder de President vu Gambia Yaya Jameeh aus Afrika, op senger zweeter Staatsvisite zu Lëtzebuerg.
 
Nom éischte Solo - Programm " Batter Zäiten " vum läschte Joer presentéieren ech Iech dëst Joer am November an Dezember genau sou e Rotzfreche Programm mat " Batter Zäiten 2.0 Reloaded" am HENRIS HALL, 2 rue du Kiem am Neiduerf an der Stad. 

 

 


   

Reservatioun

Via Rubrik "Virstellungen" oder
Tel: 661 201 056 (14-17 Auer)

CCPLLULL
LU16 1111 3534 0029 0000

 

 

Top